“Bakkreatioun Dostert Sàrl” ass eng kleng Patisserie, an där frësch Liewensmëttel mat meeschterlecher Handaarbecht zu héichwäertege Kreatioune verschafft ginn. Bei eis gi Kreatioune mat perséinlecher Berodung vum Meeschter op de Client proposéiert an ëmgesat. D’Client’en kennen hier Bestellunge bei eis zu Houschent ofhuelen, bei grousse Bestellungen ass d’Liwwerung och méiglech. Mir hunn ee professionell ageriichte Patissier-Atelier ouni Geschäft.